top of page

FAQ

A wat fir enger Sprooch ginn d’Coursen ofgehalen?

Englesch ass meng Mammesprooch an ech schaffen am beschte wann ech déi Sprooch gebrauchen. Ech schwätzen awer och e bësse Franséisch a Lëtzebuergesch an ech si frou fir dës Sproochen a mäi Cours ze integréieren.

Wat fir eng Kompetenzniveauen enseignéiers du ?

Ech enseignéieren all Niveauen, vum Ufänger bis Expert. Mir fänken op Ärem Niveau un an dann hëllefen ech Iech Iech ze verbesseren oder ech kann Iech nëmme meng Recommandatioune ginn.

Kënne mir an engem Cours sangen a Piano spillen?

Natierlech! Mir sangen a spillen oft zesummen an eise Coursen. Wann Dir ausdrécklech Sang- a Pianoscoursë wëlls, da musst Dir 30 Minutte fir all Cours reservéieren, well et gëtt immens vill ze léieren!

Muss ech iergendeppes kafen?

Jo. Mir huele vill Notizen mat eise Bläistëfter, Bicer, Highlighteren a mat anere Faarwen an dofir braucht Dir är eege Museksbicher.

Wéini soll ech ufänken? Wéi al soll mäi Kand si fir unzefänken? Wat ass e gudden Alter fir unzefänken?

3 Joer ass den idealen Alter fir unzefänken, mee et ass ni ze spéit! Et muss awer een Elterendeel beim Kand bleiwen, wann d’Kand esou kleng ass. Den Elterendeel muss d’Notizen an all Cours opschreiwen. Et ass wierklech derwäert dat ze maachen.

Brauch ech e richtege Piano? Wou kréien ech e Piano? Wéi vill kascht e Piano?

Et ass wierklech besser e richtege Piano ze hunn. D’Gefill vun engem richtege Piano ass immens wichteg fir d’Entwécklung vun der Stäerkt vun de Fangeren a vun den d’Héierfäegkeeten. Wann Dir keng Plaz fir e richtege Piano hutt, kënnt Dir och e méi klengen elektresche Piano kafen soulaang en all déi 88 Tasten huet an d’Taste musse gewiicht sinn. Dat heescht datt se sech d’selwecht ufille wéi e richtege Piano. Dat ass wichteg! Pianoen kann een iwwert verschidde Weeër kréien. Wa Leit plënneren wëlle si hire Piano verkafen, mee och Pianosgeschäfter offréire gutt Affären. Meng Liiblingspianosgeschäfter zu Lëtzebuerg sinn: Pianos Kleber, Pianos Kelly an de Stage Music Luxembourg.

bottom of page